ZeienopruffBrutalen Iwwerfall zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun engem Iwwerfall an der Strooss J.F. Kennedy zu Ettelbréck.

En Donneschdeg tëscht 10.30 an 11 Auer hunn zwee Onbekannter eng Fra an der Géigend vum Bushaischen (Kräizung Lucien Salentiny) ugegraff. D'Affer gouf widder d'Mauer gedréckt, krut e Schlag an d'Gesiicht an dunn eng Enveloppe mat Boergeld geklaut. Éier d'Täter sech duerch d'Bascht gemaach hunn, gouf d'Affer op de Buedem gestouss. Wéi et vun der Police heescht, hätt d'Fra keng schwéier Blessuren dovugedroen.

Täterbeschreiwung vun der Police

Beide Tatverdächtigen waren von dunkler Hautfarbe, zw. 17-20 Jahre alt, von dünner Statur, hatten kurzes Haar und waren jeweils mit einem dunklen Jogginganzug mit Kapuze bekleidet. Ein Oberteil war mit einem Bild versehen.

Ein Beteiligter ist zirka 1,70m groß und trug rote Sportschuhe.

All d'Informatioune si fir d'Police Ettelbréck ënnert der Nummer 244 84 1000.

Back to Top
CIM LOGO