
En Zeien hat d'Police alarméiert, nodeems dësen den Abroch am Garer Quartier bemierkt hat. Kuerz drop huet d'Beamten déi zwee mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung fonnt. D'Brigange koumen op de Policebüro.
Op Uerder vum Parquet goufen d'Männer festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. De Proprietär vun der Wiertschaft krut alles, wat geklaut gouf, nees zeréck.