An der Nuecht op e SamschdegBränn zu Monnerech, Esch a Wolz, et bleift beim Materialschued

RTL Lëtzebuerg
Zu Monnerech an der Lampecher Strooss huet géint 4.20 Auer zwou Camionnetten an en Auto gebrannt.

Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, stoungen d'Camionnette komplett a Flamen, wéi si an der Nuecht op der Plaz ukomm sinn. D'Feier hat op den Auto iwwergegraff. Kengem ass eppes geschitt. Elo soll ënnersicht ginn, wéi et zum Brand komm ass.

Zu Esch hat eng Kichen an der Rue du Nord Feier gefaang. Zu Wolz huet eng Heck gebrannt.

An alle Fäll blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO