Besonnesch an de Spideeler feelt et den Ament hei am Land u Protektiounsmaterial ewéi Kostümer. Well der dringend gebraucht ginn, ginn zënter kuerzem an engem Bitzatelier zu Käerjeng Tyvek-Kostümer fir d’Hopitaux Robert Schumann gebitzt. D’Initiativ gouf vun der Fondatioun vum Spidol lancéiert. An Zukunft kennen d’Kostümer och anere Spideeler ze Verfügung gestallt kréien.
Well Demande vun Tyvek-Kostümer grouss war, huet eng Léisung misste fonnt ginn. Doropshin huet d’Fondatioun vun den Hopitaux Robert Schumann ee Bitzatelier zu Käerjeng kontaktéiert, dee bereet war ze hëllefen a Kostümer ze bitzen. Well een net wollt op Liwwerungen aus China waarden, huet een decidéiert hei am Land ze produzéieren.
10 Leit schaffen am Atelier zu Käerjeng. Rezent goufen ewell 120 Kostümer vu Mataarbechter aus den Hopitaux Robert Schumann getest. Dupont vu Konter beliwwert de Bitzatelier mat Tyvek. Well de Konzern awer virun allem gréisser Clientë beliwwert, huet de Bitzatelier seng Maschinne missten adaptéieren.
Pro Dag ginn eng 300 Tyvek-Kostümer gebitzt, déi an den nächsten Deeg un Mataarbechter aus de Robert Schuman Spideeler verdeelt ginn. An Zukunft wëll ee bis zu 500 Kostümer den Dag produzéieren. D’Fondatioun vum Spidol finanzéiert een Deel selwer. Donieft, gëtt d’Initiative vun Entreprisen aus dem Land finanziell ënnerstëtzt. D’Fondatioun stellt dann och Kostümer anere Klinicken an der nationaler Reserv ze Verfügung.
Mëtt Mäerz gouf d’Initiative lancéiert.
