D'Garantiesgesetz fir wärend der Corona-Kris gouf op der Weekend Sëtzung vun der Chamber ugeholl. De Projet de loi 7545, deen e Mëttwoch schonn an der zoustänneger Kommissioun analyséiert gouf, gouf de Moie mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Enthalungen akzeptéiert.. Dëse gesäit fir datt, wärend der COVID-19 Kris, de Staat d'Méiglechkeet huet bis zu 3 Milliarden Euro ze léine fir déi lokal Wirtschaft ze ënnerstëtzen.
Laang gouf driwwer diskutéiert, elo ass et duerch. Virun allem d'Entreprisen déi den Ament duerch d'Kris a Schwieregkeete sinn, kënnen esou bei engem Prêt op der Bank vu staatleche Garantië profitéieren. Déi kommen zu 85% vum Staat a 15% vun de Banken.
Ma et gi Konditiounen, esou de Rapporteur vum Projet de Loi, Andrée Bauler:„Da sief och preziséiert datt net jiddwereen esou een garantéierte Prêt kritt. Problemer déi de Betrib huet muss direkt mat der Kris zesummenhänken. Nieft dem Logement, sinn ënner anerem och d'Aiden fir déi Firmen déi virum 1. Januar 2020 a finanzielle Schwieregkeete waren, sinn net vun dësem Gesetz betraff.“
Op dësem Punkt gouf een sech awer net eens mat der gréisster Oppositiounspartei, de Laurent Mosar, CSV Deputéierten. Mam Beispill vum Garer Quartier: „All déi kleng Geschäfter, déi souwisou schonn an extreme Schwieregkeete sinn an iwwerhaapt näischt kenne verdéngen, ginn elo nach eng kéier bestrooft well se net an de Genoss vun dësen Hëllefe kenne kommen.“
D'Konter vum Wirtschaftsminister Franz Fayot: „Wann der do dobäi sinn, déi dës Critèren nach net erfëllen, da soen ech: firwat sollen déi heivunner net kenne profitéieren? An dëse Fäll mussen d'Banken, Fall fir Fall, kucken op déi Clienten d'Sue kënne rembourséieren am Fall datt se ee Kredit kréien. A da sinn déi natierlech och eligibel.“
Bedenken, esou de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, ginn et virun allem un den Zënse mat deenen d'Banken hier Prêten erausginn: „Hei hu mer elo gesot kritt, datt d'Tauxe vun de Prête warscheinlech bei 2 bis 3% leien. Déi sinn am Ausland awer kloer encadréiert. An Éisträich dierfen se net iwwer 1% goe wann se iwwer staatlech Garantië ginn.“
Hei preziséiert de Finanzminister Pierre Gramegna awer kloer datt ee vu Säite vum Staat kee gutt Geschäft géif maachen. 8 Bänken hunn hier Ënnerstëtzung fir d'Lëtzebuerger Betriber bis ewell bestätegt. Dorënner och 2 Banken aus China.
D'Garantiesgesetz ass Deel vun engem Konsidations-Pak am Wäert vun 8,8 Milliarden Euro mat deem ee Betriber iwwer Waasser hale wëll. Dat si knapp 14% vum nationale PIB.
