Autismus ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun als eng déif-gräifend Entwécklungsstéierung definéiert.
En Autist brauch e strukturéierte Kader. Souwuel am Raum ewéi an der Zäit. Dat vermëttelt Sécherheet. Duerch déi aktuell Pandemie gouf déi Struktur e bëssi duerchernee gerëselt. Sou waren eng Zäitlaang keng Visitte méiglech, duerno limitéiert. Dat alles kann eng Persoun mat enger autistescher Stéierung aus dem Konzept bréngen. D'Fondatioun Autismus Lëtzebuerg hätt des Hürd awer gutt geholl.
De Nues- a Mondschutz deen d'Personal droe muss, ass fir e Mënsch mat enger autistescher Steierung och ongewinnt a brauch vill Gedold fir dëst z'acceptéieren.
Bei der Fondatioun Autismus waren se bis ewell mat ville Covid-19 Fäll verschount bliwwen. Wat de Sujet Behënnerung ugeet, wär et wichteg d'ganzt Joer iwwer d'Populatioun heiriwwer ze sensibiliséieren.
Aktioun vun Info-Handicap: Campagne "Action! Eist Joer, eist Liewen" leeft am Dezember un