
Déi Froen huet ee sech en Dënschdeg an enger Konferenz vum Mouvement Ecologique gestallt a Presenz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Energieminister Claude Turmes. Béid Ministere weise sech méi ewéi optimistesch.
Nieft den allsäits bekannte Piliere ronderëm den Transport, sief et den ëffentlechen Transport, d'Elektromobilitéit oder den Teletravail, koumen och nach e puer aner Sujeten a proposéiert Solutiounen op den Dësch. Et wier virun allem wichteg, datt all Secteur weess, wou een Emissiouns-technesch soll, respektiv muss, an Zukunft histeieren.
"Dat ass eppes, dat hate mer virdrun nach néierens stoen. All Secteur weess, wou en drun ass. Dat ass e Game-Changer. Am Klimagesetz steet dran, datt fir all Secteur Ziler gesat ginn an dat gëtt eis och d'Méiglechkeet, iwwert d'Zäit eropzegoen", esou d'Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg.
Hei gouf zum Beispill an der industrieller Manufaktur 2005 en Equivalent vu 474 kt (Kilotonnen) un CO2 produzéiert. 2030 sollen et nach 119 Kilotonne sinn. Am Residentiellen, also am Wunnraum, waren et 2005 1.216 Kilotonnen. D'Zil läit bei 418 Kilotonnen, erkläert de Claude Turmes.
"Mir hunn elo an der Lescht ganz vill mat der Fedil geschwat an och verhandelt. Mir hunn elo e Package, wou mer quasi kënne sécherstellen, datt eis Ziler fir 2030 duerch déi Instrumenter, déi am PNEC stinn, erreecht ginn. Dat heescht, Industrien hunn obligatoresch Auditten a mussen dat, wat an den Auditten ass, ëmsetzen."
An engem Comité interministerielle ginn déi verschidde Grenzwäerter festgeluecht an iwwer e Reglement gouvernemental festgehalen. An den nämmlechten Institutioune ginn déi rezent Resultater dann och iwwerwaacht. Festgehale sinn déi am PNEC, am nationale Klima an Energieplang.
Iwwert e Gesetz sollen dann och méi Leit aus dem Public iwwert eng oppe Plattform an Zukunft beim Decisiounen-Prozess mat agebonne ginn. E wëssenschaftlechen Observatoire soll och fir Lëtzebuerg geschaaft ginn. Een, deen d'Lëtzebuerger Regierung och zu Klimafroe ka beroden.
Virun allem de Stroum wier d'Solutioun fir d'Zukunft. Zemools well Lëtzebuerg e groussen Deel dovu selwer kéint produzéieren. Eleng den Transport vun der Fossil-Energie op Lëtzebuerg wier deier a géif weider Knascht produzéieren.
"Op der Kronospan gëtt an dësen Deeg eng 5.000kW Solaranlag installéiert. Mir hunn aner grouss Solaranlagen op anere groussen Industrieanlagen, déi den Ament opgeriicht ginn. Mir hunn awer och zum Beispill e risege Potenzial op Parkingen, déi mer mat Solar kënnen iwwerdecken. Mir hu warscheinlech 300 Hektar u Parkingen am Land", esou nach den Energieminister.
Iwwert de Klima- an Energieplang wëll Lëtzebuerg bis 2030 55% vun den CO2-Emissioune par Rapport zu 2005 aspueren.