Vu Schutzmaske bis SchutzwännBetriber passe sech der Situatioun un an änneren hir Produktioun

RTL Lëtzebuerg
D’Corona-Kris ass fir vill Betriber eng Erausfuerderung. Iwwerall ginn et Aschnëtter, mä d’Nout mécht bekanntlech och erfinderesch.
Betriber passe sech Situatioun un a verännere Produktioun
D’Corona-Kris ass fir vill Betriber eng Erausfuerderung. Iwwerall ginn et Aschnëtter, mä d’Nout mécht bekanntlech och erfinderesch.

Eng kleng Schneiderei zu Jonglënster hat an deene leschte Wochen ëmmer manner Clienten. Fir dat ze kompenséieren huet ee sech eppes ganz Spezielles afale gelooss: et ginn elo Schutzmaske gebitzt.

D'Protektiounsmasken, déi hei gebitzt ginn, entspriechen natierlech kenger Norm, mä dat wëll een och net areechen. D’Zil ass de Leit iwwerhaapt eppes kënnen ze ginn. Trotzdeem huet ee sech awer och hei u Virgabe gehalen. D'Maske gi komplett an Handaarbecht hiergestallt. Eng richteg kleng Manufaktur. Dat bedeit awer och, dass de Client all d’Méiglechkeete vun enger Individualiséierung huet. Fir nach een zousätzleche Schutz ze generéieren, huet een d’Mask nach e bësse weiderentwéckelt, a probéiert och eng Aart Filter mat anzebauen.

Zanter gutt 2 Woche ginn elo am Atelier zu Jonglënster esou Maske produzéiert. Mee et ass just e klenge Betrib. Méi wéi 60 Stéck den Dag kéint een net produzéieren, trotzdeem wëll een da esouvill wéi méiglech maachen.

Net just zu Jonglënster huet sech den Entrepreneursgeescht gewisen. Ganz am Oste vum Land, um Potaschbierg bei Gréiwemaacher, huet ee sech scho viru Méint op d’Kris virbereet, seet den Erwin Kellendonk.

A genau dat Grondwëssen huet dozou gefouert, dass seng Firma scho ganz fréi ugefaangen huet, esou genannt Vireschutzwänn ze bauen. A wéi een déi Iddi virun e puer Wochen op de Maart bruecht huet, war den Interessi gigantesch. Mä net just op techneschem Niveau wëll een hei de Leit hëllefen. An esou enger komplizéierter Zäit huet ee sech och d’Gewunnechte vu Leit méi genau ugekuckt a probéiert ze sensibiliséieren, seet d’Judith Frick.

Fir d’Produktioun vun deene ganze Schutzbarrièren huet ee sech och missen e ganze Produktiounswee ausdenken. Et wëll een nämlech verhënneren, dass wann de Produit beim Client ukënnt schonn eng Kontaminatioun drop wier. Et ass natierlech keng steril Ëmgéigend an där ee schafft. Mee trotzdeem gëtt all Produit, deen d’Hal verléisst, zum Schluss op iwwer 70 Grad erhëtzt. Dat soll e Virus deen eventuell op der Konstruktioun wier zerstéieren.

Back to Top
CIM LOGO