Aus dem CGDIS-BulletinBëschbrand zu Haler a Persoun zu Diddeleng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS hate vu Samschdeg op e Sonndeg insgesamt aacht Asätz, dorënner e Bëschbrand zu Haler an eng Persoun, déi zu Diddeleng vun engem Auto ugestouss gouf.
© Laurent Weber

Nieft dem Bëschbrand um "Haardhaff" zu Haler, wou eng ganz Rei Asazzentere mobiliséiert goufen, koum et och zu engem Vegetatiounsbrand zu Munzen. Och zu Monnerech huet et gebrannt, zu Stroossen ass Damp an enger Kiche gemellt ginn an zu Kruuchten stoung e Kompostkoup a Flamen.

Weider Asätz gouf et wéinst engem Auto, deen op der N28 tëscht Éiter a Sandweiler a Brand geroden ass, souwéi wéinst gréngem Offall, deen um CR147 tëscht Kanech an dem Bicherhaff gebrannt huet.

Zu Diddeleng ass iwwerdeems eng Persoun an der Rue du Centenaire vun engem Auto ugestouss ginn. Dem Bulletin no gouf awer bei kenger vun den Interventiounen eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO