Tëschefall um CR186Auto tëscht Beetebuerg an der Kockelscheier komplett ofgebrannt

RTL Lëtzebuerg
Duerch seng séier Reaktioun huet e Mann Schlëmmeres verhënnert. Säin Auto konnt awer net méi gerett ginn.

Kuerz viru Mëtteg koum et um CR186 tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg zu engem Tëschefall mat engem Auto. Dem Automobilist war opgefall, datt Damp aus sengem Gefier koum. De Mann hat séier reagéiert a säin Auto nieft der Fuerbunn ofgestallt. Wärend hien d'Pompjeeë geruff hat, war säin Auto a Flamen opgaangen.

D'Stater Pompjeeën, déi op d'Plaz koumen, konnten nach just verhënneren, datt d'Feier sech vum Auto aus weider ausbreet. D'Gefier gouf duerch Brand komplett zerstéiert. Nieft de Pompjeeë waren och d'Ambulanciere vun Diddeleng op der Plaz. De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Auto tëscht Beetebuerg an der Kockelscheier komplett ofgebrannt
Duerch seng séier Reaktioun huet e Mann Schlëmmeres verhënnert. Säin Auto konnt awer net méi gerett ginn.

Iwwerdeems mellt de CGDIS zwee weider Accidenter, bei deenen et e Méindegmoie respektiv -mëtteg jeeweils ee Blesséierte gouf: Kuerz virun 11 Auer hat en Automobilist um CR303 tëscht Rued a Rammerech e Bam ze pake kritt. D'Ambulanciere vun Réiden an d'Pompjeeë vun Ell waren hei op der Plaz. Um 14:55 Auer goufen dann d'Stater Pompjeeën an Ambulancieren op d'Stäreplaz geruff. Hei gouf e Cyclist vun engem Auto ugestouss.

Back to Top
CIM LOGO