N22Auto huet sech tëscht Béiwen-Atert an Useldeng iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie koum et op der Streck tëscht Béiwen-Atert an Useldeng zu engem Accident, bei deem sech en Auto an e Feld iwwerschloen huet.
Accident tëscht Béiwen-Atert an Useldeng
En Donneschdeg de Moien hat sech hei en Automobilist mat sengem Gefier iwwerschloen.

Éischten Informatiounen no hat de Chauffer op der N22 an enger Rietskéier d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass doropshi vun der Strooss ofkomm an huet sech direkt e puer Mol iwwerschloen, fir dunn an engem Feld un d'Halen ze kommen. De Mann ass net blesséiert ginn.

Op der Plaz waren d'Police, eng Ambulanz an de CGDIS.

Eng Spuer war zäitweis blockéiert. Kuerz no 9 Auer en Donneschdeg de Moie war den Accident geraumt.

Géint 9.15 Auer hat et op der Diddelenger A3 op der Héicht vun der franséischer Grenz gerabbelt. En Auto an e Camion ware kollidéiert. Et blouf beim Materialschued.

Géint 11.50 Auer koum et Déifferdeng an der Rue de Soleuvre zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert, ënnert anerem de Samu war op der Plaz.

Op der A7 Richtung Stad am Tunnel Grouf krute sech géint 15.50 e Camion an en Auto ze paken. och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO