En Dënschdeg haten d’Vereenegt Arabesch Emirater matgedeelt, um 1. Mee aus der OPEC auszetrieden. Et ass een enorme Réckschlag fir de Gruppement vun de Länner, déi Pëtrol exportéieren, an Zäite vun enger historescher Energiekris an enger wackeleger Weltwirtschaft opgrond vum Iran-Krich.
D’OPEC gouf 1960 zu Bagdad am Irak vu siwe Pëtrolsgesellschafte gegrënnt a sëtzt haut zu Wien. Saudi-Arabien, eng vun de Grënnernatiounen, huet de facto d’Presidence iwwerholl vum Kartell an ass zu enger Zort Zentralbank gi vun de Pëtrolsmäert weltwäit. Zil war et, an ass et bis haut, d’Volatilitéit vun de Mäert ze kontrolléieren a mat virgeschriwwene Fërderquote fir d’Memberlänner Afloss ze huelen op de Pëtrolspräis um Weltmaart. De russesche Finanzminister Anton Siluanov:
"An haut héiere mer, dass déi Vereenegt Arabesch Emiraten aus der OPEC austrieden. Wat heescht dat? Dat heescht, dass dat Land elo kann op senge maximale Capacitéite Pëtrol produzéieren an op de Maart bréngen. Haut ass de Maart nach gebremst duerch d’Blockad an der Strooss vun Hormus. A muer? Wat geschitt, wann d’OPEC-Länner sech net méi ofstëmmen an alleguer e Maximum produzéieren? Da wäert de Präis falen."

An der Logik vun der Geopolitik an der Energie-Strategie ass deen Austrëtt aus der OPEC vun Abu Dhabi méiglecherweis guer keng esou eng grouss Iwwerraschung. Dozou den Igor Yushkov aus dem Nationale Fong fir Energie-Sécherheet zu Moskau:
"Et kann een Deal sinn ënnert dem Dësch: d’USA verspriechen den Emiraten finanziell Sécherheet. Abu Dhabi huet ënnert der Kris gelidden. Als Géigeleeschtung ënnerwanderen déi Vereenegt Arabesch Emirater d’OPEC vu bannen. Fir d’USA, a speziell fir den Donald Trump, ass et eminent wichteg, de Pëtrolspräis doheem erofzekréien a sech virun de Midterm-Wale politeschen Drock ewech ze huelen."
Mëttelfristeg méi bëllege Pëtrol ass e Seege fir Europa a China, déi selwer kee produzéieren an op den Import ugewise sinn. Fir Russland ass e Präisverfall en Drama. D’Land ka seng Capacitéite mat senge vereelzten Infrastrukturen net kuerzfristeg eropsetzen a verdéngt nach manner, iwwerdeems d’Käschte vum Ukrainkrich weider klammen.
Och fir d’OPEC ass et en Drama. De Kartell riskéiert ausenaner ze briechen, well méiglecherweis elo och aner Memberen erausklammen. Den Dokter Jorge León vu Rystad Energy zu Oslo:
"Mir wëssen, dass d’Demande fir Pëtrol geschwënn um Maximum wäert sinn. An dann an den 2030er oder 2040er wäert se séier falen, well mer ëmmer méi den Transport elektrifizéieren a méi energieeffizient ginn. An da muss ee sech froen, wéi eng Roll eng OPEC oder OPEC+ nach spillt an enger Welt, wou d’Nofro no Pëtrol séier fält."

Mat anere Wieder probéieren d’Emirater elo e Maximum vun Ëmsaz ze maachen, andeems se aus den OPEC-Quotecontrainten erausklammen, erëm souverän ginn a sech vu Saudi-Arabien léisen. De Neil Quilliam vum Chatham House Think Tank zu London:
"D’Ursaach, dass d’Abraham-Accorden elo erëm wichteg sinn, ass, dass d’Emirater sech ëmmer méi mat Israel alignéieren. D’Abraham-Accorde sinn op eemol erëm do. Si hunn iwwerlieft. Si stoungen a Fro, zumools no zwee Joer Krich a Gaza. Mee am Irankrich hu mer gesinn, dass d’Emiraten hir Säit gewielt hunn, an dat ass kloer déi vun den USA an Israel."
Wat Washington ustrieft – och elo mat der de facto Kontroll iwwert d’Ressourcë vu Venezuela, deene gréisste Pëtrolsreserve vun der Welt – ass eng Kontroll vum Weltmaart vun de fossillen Energien. Et ass eng vun de Strategien, déi offensiv géint China geriicht ass.