
Accident kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch, dat an der rue de Reckendal zu Stroossen.
En Automobilist ass duerch eng Ofspärung vun engem Schantje gefuer, a mat sengem Won an en bis zu 4 Meter déiwe Gruef gefall.
De Mann huet vun de Rettungsdéngschter missen aus sengem Auto erausgeholl ginn.
Hien gouf liicht blesséiert. De Mann hat ze vill gedronk.