Am LokalenAuto a Rollstull sinn um Lampertsbierg net laanschtenee komm

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, goufen e Freideg 8 Persoune bei Verkéiersaccidenter uechter d'Land blesséiert.

Géint 11.45 Auer gouf et an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Rollstull. 1 Persoun gouf blesséiert.

Um CR134 tëscht Mensder a Beyren huet sech e Gefier iwwerschloen. Och hei ass 1 verwonnt ginn.

Kuerz viru 15 Auer krute sech op der Cloche d'Or an der Rue Emile Bian 2 Autoen ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

3 Blesséierter goufen et bei engem Accident op der N7 tëscht Maarnech a Clierf.

Zu Esch gouf eng Persoun um 15.46 Auer ugestouss a verwonnt an op der N12 tëscht Bidscht a Wolz ass en Automobilist an de Gruef geroden. Och hei mellt de CGDIS 1 Persoun, déi blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO