Internationalen Dag vun de KinéenAssociatioun vu Kinesitherapeuten hofft, datt eng Rei Problematike gekläert ginn

Claudia Kollwelter
Bei der ALK hofft ee beispillsweis, datt de Master-Niveau vun de Kinéen unerkannt gëtt an et een Duerchbroch bei der Adaptatioun vun den Tariffer gëtt.
© RTL-Archivbild

E Mëttwoch war den internationalen Dag vun de Kinéen. D’Pandemie hat an huet och en Impakt op hir Aarbecht, notamment duerch de Long-Covid, mat deem sech d’Kinéen am Rehazenter beschäftegen. Donieft erwaart sech d’Associatioun vun de Kinesitherapeuten, d’ALK, datt eng Partie Problematiken, wat hire Beruffsstand ugeet, dëst Joer gekläert ginn.

Internationalen Dag vun de Kinéen / Rep. Claudia Kollwelter

Am Dezember ginn d’Kollektivverträg mat der Fédérations des Hopîtaux frësch ënnerschriwwen. De Patrick Obertin, President vun der ALK hofft, datt de Master-Niveau vun de Kinéen dann unerkannt gëtt:
 
Dat ass bis elo net de Fall. 2017 waren déi lescht Verhandlungen an dat huet elo geännert mam neie Réglement grand-ducal, deen 2018 a Kraaft getrueden ass.

Och a puncto Tariffer erwaart ee sech dëst Joer en Duerchbroch, nodeems d‘Negociatioune mat der CNS zejoert en Echec waren. Dem Patrick Obertin no misst een no der Mediatiounsprozedur elo eng Adaptatioun vun den Tariffer am liberale Beruffsstand areechen:
 
Mir hätte gär déi nämlech Adaptatioun, wéi all déi aner Gesondheetsberuffer kruten, dat heescht eng Augmentatioun vun eisen Tariffer vun 2,82%.

Long-Covid ass och e Sujet bei de Kinéen. Notamment am Rehazenter, wou jo de Pilotprojet vun der Santé leeft. Vun der Ekipp vu 55 Kinéë schaffen der 5 integral mat Long-Covid- oder Post-Covid-Patienten. D’Aarbecht wier fir d’Kinéen eng komplett aner, et kéint een et vergläiche mat enger Zort Coaching.

De Responsabel vum Service Kiné am Rehazenter Jérôme Kaps erkläert: D'Iddi ass, de Patient vun Ufank un ze responsabiliséieren an ze kucken, wou seng Limitte sinn, a mir mussen ënnerscheeden, wat Limitte sinn.

Wann ee mat Long-Covid-Patiente géif schaffen, géif et emol eng Basis-Approche ginn, erkläert de Jérôme Kaps: Do ass vill Cardio a Respiratoire dobäi.

D'lescht Woch goufen iwwregens 12 Long-Covid-Patienten am Rehazenter vun de Kinéen en Charge geholl.

Back to Top
CIM LOGO