PéitengArméierten Iwwerfall op Tankstell, Täter klaue Suen a flüchten

RTL Lëtzebuerg
Zu Péiteng an der Lonkesch Strooss koum et e Méindeg den Owend géint 21.20 Auer zu engem Iwwerfall vun zwee onbekannte Männer op eng Tankstell.

Eng Persoun, déi op der Tankstell geschafft huet, gouf mat enger Schosswaff menacéiert. D'Täter hunn d'Suen aus der Keess gefuerdert.

Wéi déi 2 Männer d'Sue kritt hunn, sinn dës geflücht. Bei der Sich no den Täter koum et zu kengem Resultat. D'Fra déi beim Iwwerfall menacéiert gouf, huet keng kierperlech Blessuren dovunner gedroen.

D'Ermëttlungen an dësem Virfall goufen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO