HouwaldArméierten Iwwerfall op e Liewensmëttelgeschäft

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 12.30 Auer ass en onbekannten Täter mat engem Messer an d‘Geschäft gaangen an huet d'Verkeeferin opgefuerdert, him d‘Boergeld ze ginn.

Duerno huet sech de Mann ze Fouss an eng onbekannte Richtung duerch d‘Bascht gemaach. Beim Täter handelt et sech ëm e jonke Mann mat engem bleeche Gesiicht. Hie war schwaarz gekleet an hat säi Gesiicht mat engem schwaarze Schal verstoppt. Donieft hat hie schwaarz/rout Händchen un an huet Franséisch mat engem Lëtzebuergeschen Akzent geschwat.

*An enger éischter Versioun vun der Police huet et nach geheescht, dass e Geschäft an der Stad op der Place Dargent iwwerfall gi wier. An enger Rektifikatioun gouf du matgedeelt, datt et um Houwald an der Avenue Grand-Duc Jean war.

Back to Top
CIM LOGO