D'Strof am Fall vu Bäreldeng entsprécht also där, déi de Parquet schonn an éischter Instanz Enn Juli zejoert gefuerdert hat. Deemools haten d'Riichter eng liewenslaang Strof wéinst virsätzlechem Mord gesprach. Doriwwer eraus hat den Ugekloten der Famill vum Schwoer 352.000 Euro ze bezuelen, sou wéi 8.500 Euro u Geriichtskäschten. Virgeworf gëtt dem jonke Mann Motivmord. A sou huet de Riichter och nach eng Kéier präziséiert, dass en zum Schluss komm ass, dass déi zwee Affer gewollt ëmbruecht gi sinn. Säi But, dovunner waren d'Riichter am Prozess ausgaangen, wier d'Ierfschaft vun dräi Appartementer gewiescht. Fir dësen ze erreechen, hätt hien seng Schwëster an där hire Mann bei engem Iessen bei sech doheem vergëft.
Geplangt war awer wuel net, dass dat esou séier géing goen. Opgrond vun der Liwwerung vum falsche Gëft aus dem Darknet sinn déi Zwee schonn a senger Wunneng kollabéiert, an net wéi wuel erhofft, vill Stonne spéider.
De jonke Mann huet awer bis zum Schluss behaapt, hien hätt keen ëmbrénge wollten. Senger Schwëster an där hirem Mann hätt hinne just eng Lektioun wëllen erdeelen. Hinne sollt eemol richteg schlecht ginn, well si hien net wollte mat an d'Vakanz huelen.