VerwaltungsgeriichtAppell vum Educatiounsminister als justifizéiert ugesinn

RTL Lëtzebuerg
Recht kritt an 1. Instanz, awer Onrecht an 2.: Sou ass et engem Mann um Verwaltungsgeriicht ergaangen a sengem juristesche Sträit mam Educatiounsminister.
© AFP

D'Cour administrative huet nämlech en Appell vum Staat als justifizéiert ugesinn an dowéinst en 1. Uerteel an dëser Affär op d'Kopp gehäit, d'Affär muss elo zréck bei déi 1. Riichter.

De Mann gouf am September 2015 zum pedagogesche Stage zougelooss, fir Maître d’enseignement technique ze ginn. Duerch en Arrêté ministériel vu Juli 2016 gouf hien op de 15. September vun deem Joer Stagiaire an engem Lycée genannt.

Well de Mann aus Krankheetsgrënn vill gefeelt huet, hat de Kontrolldokter de Claude Meisch am Juni 2017 doriwwer informéiert, dass de Mann eng Laangzäitkränkt hätt an an den nächste Méint net erëm schaffe kéint. Den Educatiounsminister hat deeselwechte Mount d'Pensiounskommissioun saiséiert, déi hat engem Dokter den Optrag ginn, fir eng Expertis vum medezineschen Dossier vum Mann. Am Juli gouf an deem Rapport festgehalen, dass de Mann net op senger aktueller Plaz bleiwe kéint. D'Pensiounskommissioun hat dunn am September decidéiert, dass de Mann net ausser Stand wär, fir mat senger Aarbecht weiderzefueren. Am November hat de Claude Meisch an deem Sënn de Kontrolldokter saiséiert, de Medeziner hat dem Minister deeselwechte Mount geschriwwen, dass sech de Mann net presentéiert hätt an et no engem Telefonsgespréich mat him keen neien, signifikative medezinesche Fait géif ginn. De Claude Meisch hat de Mann an engem ageschriwwene Bréif vum 6. Dezember doriwwer informéiert, dass hie säi Stage kënnege wéilt. Den Educatiounsminister hat dat e puer Deeg drop effektiv gemaach an en entspriechenden Arrêté ministériel geholl. De Mann war am Februar 2018 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Den Tribunal administratif hat dunn am Mäerz de Recours en annulation justifizéiert erkläert, d'Decisioune vum Minister annuléiert an d'Affär un hien zréckginn. De Staat hat am Abrëll dogéint Appell gemaach. Déi zweet Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass, wat ageschriwwe Bréiwer ugeet, d'Zoustellung u sech deen Dag gemaach soll sinn, op deem den Destinataire via de Bréifdréier benoriichtegt gëtt. Wann den Destinataire den ageschriwwene Bréif net siche geet, kann en net vun engem Aussetzen oder Ënnerbrieche vun den Delaie profitéieren. De Mann hätt de Bréif de 7. Dezember 2017 kritt, wär en awer eréischt den 11. Dezember siche gaangen. Den 19. Dezember, wéi d'Decisioun geholl gouf, fir de Stage ze kënnegen, wär den Delai vun 8 Deeg, fir seng Observatioune virzebréngen, ofgelaf gewiescht. D'Uerteel wär an deem Sënn ze reforméieren, d'Affär misst zréck bei den Tribunal administratif an de Staat an de Mann hätte keng Indemnité de procédure zegutt.

Back to Top
CIM LOGO