Viru Mass fir Christi HimmelfaartAppell bei der Police suergt fir Roserei bei der Chorale vu Biissen

RTL Lëtzebuerg
En aussergewéinleche Virfall gouf et e Mëttwoch den Owend an der Kierch zu Biissen.

Kuerz ier d'Mass fir Christi Himmelfaart sollt ufänken, koum op eemol d'Police op den Ducksall bei de Gesank. D'Beamten hunn erkläert, si wieren do, fir ze kontrolléieren, ob d'Coronamesuren agehale ginn. Well dat de Fall war, hunn d'Polizisten no kuerzer Zäit d'Kierch nees verlooss.

D'Vertrieder vun der Chorale waren awer fatzeg rosen, datt iergendeen d'Police geruff hat. D'Sänger hunn decidéiert, keng Mass ze sangen an ze goen.

D'Vertrieder vun der Chorale haten an éischter Linn de Biisser Paschtouer oder Leit aus sengem Entourage am Verdacht. De Paschtouer huet awer formell dementéiert, datt hien d'Police geruff hätt. De Bistum huet deen Dementi RTL géintiwwer confirméiert.

D'Chorale wëll de Virfall op alle Fall net op sech sëtze loossen a wëll e Bréif un de Kardinol Jean-Claude Hollerich schreiwen.

Back to Top
CIM LOGO