Oktav och digital méiglechAnnulatioun vun Traditiounsmanifestatiounen net ausgeschloss

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de restriktiven Precautiounsmesuren steet och d'Ofhalen vun zwou groussen Lëtzebuerger Traditiounsmanifestatiounen an de Stären.

D'Oktav an der Stad, wou zeg dausende Gleeweger an d'Kathedral pilgeren, ass déi zwou éischt Wochen am Mee geplangt, mä steet natierlech och wéinst den aktuellen Restriktiounen a Fro.

Wéi de Kardinol Jean-Claude Hollerich, selwer an Auto-Quarantaine, am Wort wësse léisst, wier nach keng Decisioun geholl. Et wier awer sou, datt Liewe schütze Prioritéit hätt, sou datt et kéint sinn, datt d'Oktav och digital kéint organiséiert ginn. Dat wier awer just e Plang B fir den Ament.

D'Foire Agricole, déi den éischte Weekend am Juli op den Ettelbrécker Däichwisen ass, gëtt weider virbereet, mä wéi d'Organisateure matdeelen, gëtt natierlech den aktuelle Consignë Rechnung gedroen, sou datt eng Annulatioun méiglech ass. Dat wier awer zur Zäit nach net de Fall, d'eenzel Organisatiounen, déi bei der Foire Agricole matmaachen, ginn au fur et à mesure informéiert.

Back to Top
CIM LOGO