PsychologAngschtstéierungen oder Depressioune kënnen d’Suitte vun der Kris sinn

Claudia Kollwelter
Dat seet de Chef-Psycholog am Zentrum fir Psychomatik a Psychotherapie an den Uni-Psychiatresche Kliniken zu Basel, de Lëtzebuerger Charles Benoy.

Corona an d'Psyche / Reportage Claudia Kollwelter

Onbekannt, onvirausiichtlech Situatioune géife grondsätzlech Stress beim Mënsch ausléisen. Dat wier eng normal Reaktioun, déi sech allerdéngs verschlëmmert, wann d‘Situatioun laang dauert. E wichtege Facteur, deen zu den Ängschten am Stress bei de Mënsche bäidréit, ass d’Ongewëssheet, wéini de Virus iwwerbréckt ass a sech d’Situatioun erëm normaliséiert.

De Charles Benoy: "Wann ech dat lo ganz einfach soen: Eist Gehier ass am Fong do, fir Kontroll hierzestellen, an ass drop ausgeriicht, Sécherheet hierzestellen. An dës Situatioun, déi net aschätzbar ass, wou mer net wëssen, wat kënnt, ass natierlech maximal stresseg fir eist Gehier an déi Situatioun, déi am meeschte Potentiell huet, Stress auszeléisen."

Stress gëtt och ausgeléist, wann ee kee soziale Kontakt huet, dofir wier et wichteg, d’Phase vun der Quarantän - aus psychologescher Siicht - esou kuerz wéi méiglech ze halen. Dës kéinten och zu Angschtzoustänn, Schlofstéierungen, Reizbarkeet an Aggressivitéit féieren, seet de Charles Benoy. Kuerzfristeg kéint déi aktuell Kris Depressiounen an Angschtstéierungen ausléisen, mat laangfristege Konsequenze rechent ee virun allem bei de Leit, déi a Spideeler schaffen:

"Hei muss ee sech virstellen, datt déi iwwert laang Zäit an enger Ausnamesituatioun sinn an, einfach ausgedréckt, guer net richteg Zäit hunn, dat ze verschaffen.  Se si just nach an deem aktive Modus dran. Mëttel – a laangfristeg riskéiere sech déi post-traumatesch Stéierungen ze entwéckelen."

De Faite, datt mer all zesummen am nämmlechte Boot sëtzen, jo och iwwert d’Grenzen eraus, kéinten och eng Roll spillen, seet de Psycholog:

"Et kéint ee wierklech soen: „Geteiltes Leid ist halbes Leid“. Sou gi mer och an der Sozialpsychologie dovun aus, datt dat vläicht en Effekt huet, duerch deen d’Situatioun manner schlëmm ageschat gëtt, well mer eben all an der nämmlechter sinn."

D'nämmlecht wéi zu Lëtzebuerg gëtt et och zu Basel eng Hotline fir psychologesch Hëllef:

"Do melle sech awer virun allem Mënschen, déi nach net mat eis a Kontakt waren. Wat mer awer och hunn, ass vill eemoleg Patienten, déi uruffen, dat heescht, wou quasi genee dat entwéckelen, wat Studie virausgesot hunn, nämlech datt Ängschten zréckkommen."

Aus 3 grousse Studien, déi an de leschte Méint a China gemaach goufen, wier erauskomm ,datt 50% vun de Befrote sech duerch d’Situatioun psychesch belaascht gefillt hunn. Iwwer 35% hätte Symptomer vun Angschtstéierungen an 20% vun Depressioune gehat. Fir psychesch gesond ze bleiwen, réit de Charles Benoy, ënnert anerem sozial vernetzt ze bleiwen, eng Routine bäizebehalen an dankbar ze sinn, fir dat, wat een huet.

D’Telefonsnummer zu Lëtzebuerg fir psychologesch Ënnerstëtzung ass den 8002-8080.

Back to Top
CIM LOGO