
Ugefaangen awer mat Onéierlechen, déi kee Succès haten. Wéi d'Police schreift hätte géint 15 Auer e Mëttwoch um Busarrêt Pescatore bei der Kinnekswiss 4 Männer der Persoun, déi duerno Plainte gemaach huet, probéiert, eng Ketten ofzehuelen. D'Affer huet sech awer gewiert an dobäi gouf seng Kette beschiedegt.
D'Police beschreift d'Täter esou: 4 jonk Männer mat nordafrikaneschen Originnen. Een Täter hat eng Joggingsbox an e schwaarze Pullover mat faarweger Schrëft un. Eventuell Zeie solle sech bei der Police an der Stad mellen.
Géint 17.15 Auer krut dunn e Mann seng Goldketten zu Bouneweg an der Rue des Gaulois geklaut. Bei den Täter handelt et sech der Police no ëm 5 Männer mat nordafrikaneschen Originnen, si all waren donkel gekleet.
Eng Patrull huet duerno zwee Männer kontrolléiert, déi op d'Beschreiwung gepasst hätten. Béid hätte se keng gëlteg Pabeiere bei sech gehat, dofir awer Marihuana an Haschisch. Et gouf e Protokoll geschriwwen. Géint eng Persoun goufe Mesuren ageleet, well se illegal am Land ass.
Och géint 18.20 Auer haten 2 Männer et op e weidere Collier ofgesinn. D'Police schreift, si hätten d'Affer als éischt op der Kinnekswiss gefrot, ob et Droge wéilt kafen. Op eemol hätt een dem Affer mat der Fauscht an de Bauch geschloen an ëm d'Ketten mat Amulett vum Hals gerappt. Just d'Kette krut d'Affer erëm. Op der gëllener Medaile steet d'Gravure ''Nick G.'', en Datum an eng analog Auer mat der Zäit vun der Gebuert.
Och hei beschreift d'Police d'Täter esou: 2 Männer mat nordafrikaneschen Originnen, allebéid grouss, tëscht 25 an 30 Joer al an donkel ugedoen. Deen een hat eng schwaarz Kap op, deen aner eng gro Mutz.
Géint 23.15 Auer krut eng Persoun um Boulevard Roosevelt da vun engem Grupp quasi alles geklaut, wat se sech bei sech hat. 1 puer wäiss Schong vun der Mark Air Force, eng gëllen Auer, e Collier aus Gold a säin iPhone.
Déi 3 Täter sinn der Police no tëscht 22 a 25 Joer al, hunn eng donkel Hautfaarf. Eng Persoun hätt e roude Fischi ronderëm de Kapp gehat an e Piercing an der Nues. Si wäre mam Vëlo ënnerwee gewiescht.
D'Sécherheetssituatioun an der Stad huet jo an der lescht fir vill Diskussioune gesuergt, ënner anerem d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat op Problemer opmierksam gemaach. De Policeminister Henri Kox confirméiert, datt et eng Serie vun Iwwerfall gouf bei deenen d'Täter et op Ketten an Aueren ofgesinn hunn, heiansdo geschéien d'Iwwerfäll och matten am Dag. Allerdéngs wieren et an den éischte 4 Méint vum Joer an der Stad an der Moyenne manner Déifställ gi wéi déi lescht Joren.
Da konnten d'Beamten nach en Abriecher verhaften. De Mann hat sech Zougang zu engem Appartementshaus verschaaft, fir do säi Rausch auszeschlofen. Wéi hie wakereg gouf, ass him opgefall, datt d'Dier vum Hause op der Place de Paris an der Stad zou war. Also huet hie probéiert duerch de Keller aus dem Haus erauszekommen. Dobäi gouf hie vun der Police opgegraff. De Mann, deen de Beamte beschtens bekannt ass, gouf op Uerder vum Parquet verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.
Da mellt d'Police nach zwee alkoholiséiert Automobilisten, déi no der Ausgangsspär ënnerwee waren. Eng Kéier war dat kuerz no 2 Auer an der Dikrecher Strooss zu Helsem. Hei gouf de Permis agezunn an de Mann gouf ebe wéinst dem Verstouss géint d'Covid-Mesurë protokolléiert. E Weidere gouf zwou Stonne méi fréi zu Knapphouschent ugehalen, well en duerch seng Fuerweis opgefall ass. De Papp, dee mat sengem mannerjärege Bouf ënnerwee war, war staark alkoholiséiert an hat kee Permis. De Parquet gouf informéiert.