PoliceAn der Stad goufen 3 presuméiert Bodypacker festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll e Freideg an der Stad an der Bouneweger Strooss am Kampf géint d'Drogekriminalitéit sinn der Police 3 verdächteg Persounen opgefall.
© Police Lëtzebuerg

Doropshin hunn d'Beamten decidéiert, d'Persounen ze kontrolléieren, déi haten dunn och probéiert, fortzelafen, ma wäit si se allerdéngs net komm.

Wéi sech herno erausgestallt huet, haten déi dräi Persoune Kugele mat Droge geschléckt. Déi 3 presuméiert Bodypacker goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO