Avis vun der Fedil op Klima- an EnergieplangAn der Industrie besteet eng grouss Onsécherheet

RTL Lëtzebuerg
Et besteet nach ëmmer eng grouss Onsécherheet am Secteur an déi kann och de nationale Klima- an Energieplang net behiewen...
© RTL

Au Contraire, duerch de PNEC stellt sech d’Industrie nach vill méi Froen. D’Fedil huet am Kader vun der ëffentlecher Consultatioun och een Avis ofginn, wéi 26 weider Associatiounen an Institutiounen. An den Avis vun den Industrielle besteet aus ville Froen.

Avis vun der Fedil op de PNEC - Reportage Nadine Gautier

Wéi eng Technologie kéint den Industrien hëllefen déi ekologesch Transitioun richteg unzepaken, ouni datt d’Industrie un Attraktivitéit verléiert. Esou kéint een eng Fro resuméieren, déi sech d’Fedil stellt. Am nationale Klima- an Energieplang géif keng Technologie ervirgehuewen ginn, mat där een d’Reduzéierung vun Ausstéiss wéilt hikréien. Wëll ee méi op Batterie oder Hydrogen setzen? Virun allem fir déi grouss Entreprise géif et keng Äntwert ginn. D’Fedil ernimmt do an hirem Avis d’Bëtong- Metall- a Glasindustrie. Hei géif u villen Technologie geschafft ginn, duerch déi awer nëmme lues a lues d’CO2 Emissiounen erofginn.

Et wier wichteg nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien, déi och d’Ziler vun der Lëtzebuerger Regierung géifen anhalen. Ma de Profil vun der Lëtzebuerger Industrie wäert net direkt änneren, well béid Industrien op jidder Fall mol am Ufank co-existéieren. „In the short term, they will inflate the national energy profile“ gëtt d’Fedil ze bedenken.

Déi ënnersträicht och, wéi wichteg de Commerce vun den Emissiounsquote fir d’Betriber ass, fir ze garantéieren, datt ee flexibel bleift. Ouni déi Quote wier eis Wirtschaft par rapport zu aneren Ekonomien net méi handlungsfäeg.

Nëmmen 2 vu 7 Mesure kéinten der Industrie hëllefen d’Objektiver z’erreechen, heescht d’CO2 Emissiounen ze reduzéieren an d’Energieeffizienz an d’Luut ze setzen, mee och déi zwou Mesurë sinn nach net detailléiert genuch.

Mam PNEC solle bis 2030 d’Emissiounsausstéiss ëm 55 Prozent par rapport zu 2005 reduzéiert ginn. Hei stellt sech d’Fédération des Industriels Luxembourgeois d’Fro, wat d’Grondbasis vun deenen Daten ass. Et géif och net erkläert ginn, op wéi eng Manéier d‘Projectiounen an d’Ziler gerechent goufen. Et wier fir d’Industrie awer wichteg ze wëssen, wéi d’Objektiver fir d’Industrie ausgerechent goufen. Och dierft d’CO2 Steier kee Moyen sinn, déi als Strof ausgeluecht gëtt. Vill méi misst et een Instrument si fir Investissementer ze stimuléieren.
D’Fedil gëtt och ze bedenken, datt grad an dësen Zäiten, mat der Coronakris d’Industrie nëmme schwéier déi finanziell Capacitéiten opbrénge ka fir dat wat am PNEC virgesinn ass. Dofir setzt d’Federatioun ënnert anerem op ëffentlech Investissementer, déi déi ekologesch Transitioun schonn e gutt Stéck kéinten no vir bréngen.

an Energieplang: Vill Saachen nach net präzis, vill oppe Froen, sozial Komponent feelt

Back to Top
CIM LOGO