CSV-AktualitéitsstonnAn der Chamber goung et ëm d'Aarmut zu Lëtzebuerg

Tim Morizet
"D’Leit brauchen déi Suen elo an net iergendwann...," esou den CSV-Deputéierte Paul Galles e Mëttwoch an der Chamber.
© RTL Archiv

Aktualitéitsstonn vun der CSV - Rep. Tim Morizet

Et ass déi konkret Fuerderung fir d'Kapital par Rapport zur Aarbecht proportional méi gerecht ze besteieren a fir d’Monoparentaux, datt den Iwwergangsdélai aus der Steierklass 2 an d’Steierklass 1a vun 3 op 5 Joer verlängert gëtt, dat soulaang keng nei Steierreform do ass.

„Iergendeppes stëmmt hei net,“ esou d'Schlusswuert vum Deputéierte Paul Galles Gëscht am Cercle. Riets goung vun der héijer Zuel u Leit déi all Mount zu Lëtzebuerg ganz déif am Portmonnie kraze musse fir nach e Su ze fannen.

De Panorama Social – e rezenten Dossier vun der Chambre des Salarié géif dat nach emol ënnersträichen. Corona wier keng Entschëllegung fir dës Inegalitéiten: "Mä well de Problem systemesch ass, wäerten des Noutmesuren näischt um eigentleche Problem änneren: mir sinn ee Land mat – fir eis enorm héich Ausgangsstandarden – himmelschreienden Ongläichheeten. Jo, d’Wanteraktioun gouf verlängert, de Congé pour raisons familiales huet ville gehollef, d’Hëllefen hunn d’Ekonomie versicht um Liewen ze halen a virun allem Mesure wéi de chômage partiel d’Aarbechter an der Aarbecht. Mee de Grondproblem bleift."

Den Aarmutsrisiko louch 2019 zu Lëtzebuerg bei 17,5%. Ouni d'Transferten an d'Pensioun hätt een zu Lëtzebuerg een Aarmutsrisiko vu 46%, esou de Finanzminister Pierre Gramegna bei der Presentatioun vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm Enn Abrëll. Erschreckend, esou de Paul Galles. Weider kritiséiert de fréiere Caritas Mataarbechter, datt d'Wierkung vun den Transferts sociaux ëmmer weider ofhuelen: "Well de STATEC nogewisen huet, dass den Effekt vun de Sozialtransferten ëmmer méi kleng gëtt. A wann een da bedenkt, dass eise Pensiounssystem och net deen nohaltegsten ass, da kann engem graule virun der Zukunft!"

Et géif u Leeschtungsgerechtegkeet feelen: "Besonnesch benodeelegt an hirer Kafkraaft si weiderhin d’Famillje mat ville Kanner an d’Monoparentaux, mee allgemeng och d’Kanner, déi Jonk, d’Auslänner an d’Leit mat wéineg Qualifikatiounen. Immens erschreckend héich bei 12,1% ass och d’Zuel vun de «Working poor», also deenen, déi schaffen an trotzdeem am Aarmutsrisiko liewen."

D'Inegalitéite bei der Bezuelung tëscht Mann a Fra géif just weider Holz an d'Feier geheien, bedauert de Paul Galles. Den Aarmutsrisiko géif ëmmer méi an d'Mëtt vun der Gesellschaft réckelen. Ëmmer méi Leit géifen an de Risiko erarëtschen, dann nees eraus, dann nees eran. Ermiddent, bedauert den CSV-Deputéierten.

Et wier traureg, datt virun allem Leit manner Kanner bestrooft ginn, esou de Constat e Mëttwoch vum LSAP an ADR.

Eng Reaktioun koum zimmlech direkt mat der Annonce, datt d'Präisdeierecht och beim Kannergeld en compte geholl ginn, esou d'Annonce vun der Familljeministesch Corinne Cahen. Vum 1 Januar 2022 un gëtt d'Kannergeld also nees indexéiert. 2006 ware jo déi ganz Famillje-Prestatiounen des-indexéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO