
De Regionaldirektioune si vereenzelt Fäll gemellt ginn, an deenen d'Kanner hire Mask wärend dem Cours net wëllen unhalen. An dësem Zesummenhang goufen dem Ministère 12 Fäll gemellt.
Setzt een déi Zuel allerdéngs a Relatioun mat der Gesamtzuel vun iwwer 52.000 Schüler an de Lëtzebuerger ëffentleche Grondschoulen, gëtt kloer, wéi marginal dës Unzuel ass. Dat äntwert de Claude Meisch, op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Jean-Paul Schaaf. Fir de Secondaire wiere bis ewell nach keng esou Fäll gemellt ginn.
De Minister preziséiert, dass den Ament d'Méiglechkeet géif gepréift ginn, fir déi sanitär Recommandatioune fir d'Schoul am Covid-Gesetz verankeren ze loossen.