Asyl- a MigratiounszuelenAm Oktober gouf et 150 Demanden op Asyl

RTL Lëtzebuerg
Déi Meescht dovunner koume vu Leit aus dem Afghanistan, Eritrea a Syrien. Dës Chifferen huet d'Direktioun vun der Immigratioun matgedeelt.
© AFP

1.000 Leit hunn déi éischt 10 Méint vun dësem Joer eng Asyl-Demande hei am Land gestallt. Dat lescht Joer ëm déi selwecht Zäit waren dat 92 Demande manner. 2019 waren et am selwechten Zäitraum awer 1.751 Demanden.

Iwwert d'Joer gekuckt goufe bis Enn September eng 1.223 Decisioune geholl iwwer Asyldemanden. 60,1% goufen ugeholl an de Refugiésstatut gouf am Total bei 51,3% unerkannt.

86 Persounen, déi hir Demande definitiv verworf kruten, goufen am Laf vun dësem Joer deboutéiert. 70 Persoune sinn fräiwëlleg zeréck an hir Heemecht gaangen, mä et goufen och 16 forcéiert Retouren.

PDF: De Communiqué mat allen Detailer

Back to Top
CIM LOGO