Vill ze di fir d'RettungsdéngschterCGDIS mellt 9 Blesséierter bei 5 Accidenter

Samantha Weber
D'Rettungsekippe vum CGDIS ware vun e Freidegmëtteg op de Samschdegmoien op 5 Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganzen 9 Leit blesséiert goufen.
Kuerz viru 17:30 Auer e Freideg war och de Rettungshelikopter op en Accident geruff ginn.
© Emile Mentz

Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, war kuerz viru 17:30 Auer e Motocyclist um CR152 tëscht Biermereng a Munneref gefall an huet sech dobäi blesséiert. Am Asaz waren nieft dem Rettungshelikopter och d'Ambulanciere vu Réimech an d'Pompjeeë vu Fréiseng a Munneref.

Zwee Blesséierter gouf et eng Stonn méi spéit bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen op der A3 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem Richtung Frankräich. Hei waren d'Stater Rettungsekippe zesumme mat den Ambulanciere vu Mamer op der Plaz.

Géint 18:55 huet sech dann op der RN33 tëscht dem Keeler Potto a Rëmeleng iwwerschloen. Zwou Persoune gouf blesséiert a vum Samu-Noutdokter vun Esch, souwéi vun den Ambulanciere vu Beetebuerg a Schëffleng versuergt. Donieft waren nach d'Pompjeeë vu Keel am Asaz.

D'Pompjeeë vun Esch a Schëffleng goufen iwwerdeem zesumme mat den Ambulanciere vun Esch géint 1:27 Auer op den CR169 tëscht Schëffleng a Féiz geruff, nodeems hei en Auto accidentéiert war. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Ëm dräi Blesséierter hu sech da missen d'Rettungsdéngschter vu Monnerech, dem Zenter Suessem-Déifferdeng, Beetebuerg a Schëffleng këmmeren. Géint 1:38 Auer ware si op d'A4 Richtung Stad geruff ginn, nodeems op der Héicht vum Echangeur Lalleng dräi Autoen anenee gerannt waren.

Weider Accidenter um Samschdegmoien

Am Laf vun e Samschdeg de Moie mellt de CGDIS dann nach dräi Asätz wéinst Accidenter.

Een Auto ass deemno géint 5:44 Auer um CR170 tëscht Schëffleng a Lalleng accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippe vun Esch versuergt.

Op der A1 Richtung Tréier ass da géint 7:51 Auer en Auto gemellt ginn, deen an d'Leitplank gerannt war. Hei blouf et beim Materialschued, d'Pompjeeë vun Nidderaanwen a vu Menster souwéi d'Stater Ambulanciere waren um Asaz.

Ee Blesséierte gouf et dann nach um CR316 tëscht Kauneref an Esch-Sauer, wéi e Motocyclist géint 9:44 Auer gefall ass. Hei waren d'Ambulanciere vu Wolz an d'Pompjeeë vum Zenter Stau am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO