EttelbréckAm Ganze 7 Gefierer op 3 Parkinge beschiedegt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hunn Onbekannter an der Nuecht op Freideg op 3 Parkingen zu Ettelbréck e puer Autoe beschiedegt.
Dës Foto ass just eng Illustratioun.
Dës Foto ass just eng Illustratioun.
© Pixabay

Am Ganze si 7 Gefierer beschiedegt ginn, déi op de Parking "Deichwiesen", "Place de l'Hôtel de Ville" a "Place Marie-Adelaïde" stoungen.

Déi onbekannten Täter hunn ënner anerem d'Fënsteren ageschloen, aus engem Won gouf e Portmonni geklaut. Bei e puer Ween gouf donieft och probéiert se ze starten.

D'Police vun Dikrech ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO