Ënnert anerem fir de Produit “Aptamil Pronutra 1" vun 800 Gramm vun der Mark Aptamil mam Oflafdatum op den 10/11/2026 gouf et eng Réckruffaktioun. Et besteet de Verdacht op eng Veronrengegung vum Mëllechpudder mam toxesche Cereulid, deen duerch d’Bakterie Bacillus cereus entsteet. Aus deem selwechte Grond gëtt och de Produit “NAN Optipro 1" (0-6 Méint) vun der Mark Nestlé zréckgeruff. Och an dësem Fall geet et ëm de Produit vun 800 Gramm. Dat mam Oflafdatum op den 3/12/2027. Och de Produit “Lait infantile 1er âge” vun der Mark Popote vun 800 Gramm mam Oflafdatum 9/9/2027 gëtt wéinst dem toxesche Cereulid zréckgeruff.
Dës Bakterie kann no der Consommatioun bannent 16 Stonne Symptomer wéi Erbriechen oder Duerchfall ausléisen, änlech wéi bei enger Cereulid-Vergëftung. Stellt ee bei sengem Kand ee vun de Symptomer fest, sollt een esou séier wéi méiglech bei en Dokter. Iwwerginn an Duerchfall ka bei Puppelcher séier zu enger Dehydratioun féieren.
D’Puddermëllech kritt een hei am Land op e puer Plazen ze kafen.
No de sëllege Réckriff vu Pudder fir Puppelcher am Zesummenhang mat Cereulid-Veronrengegungen huet sech d’Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet (Efsa) ageschalt. D’EU-Kommissioun huet d’Efsa ëm eng Aschätzung gefrot, wéi geféierlech Cereulid fir Puppelcher ass. Zil wier et, Wäerter festzeleeën, vu wéini u Produiten virsiichtshallwer aus dem Handel geholl solle ginn. An de leschte Woche gouf ëmmer nees Mëllechpudder fir Puppelcher zréckgeruff: