Dikrech an EschAll Kéiers eng Fra beim Spadséieregoen iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Zu Dikrech an der Rue Bammertal an zu Esch an der Rue Jean-Pierre Bausch hunn Onéierlecher um Samschdeg zougeschloen.

Eng eeler Fra mat engem Rollator gouf vun 2 Fraen zu Dikrech iwwerfall. Eng vun de Fraen huet d'Madamm ëmäermelt an eppes op Franséisch zu hir gesot. Dono si béid Parteien hire Wee weidergaangen. Kuerz drop ass der eeler Fra opgefall, datt hir Ketten an 2 Bracelete gefeelt hunn.

Op engem Vëlo war d'Täterin zu Esch ënnerwee. Si ass vun hanne gefuer komm an huet enger Fra, déi hei Spadséiere gaangen ass, d'Posch einfach aus der Hand gerappt. D'Täterin ass a Richtung Rue d'Audun geflücht.

Back to Top
CIM LOGO