DiddelengAlkoholiséierten an drogéierten Automobilist provozéiert Accident

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng an der route de Kayl ass e Sonndeg de Moie géint 5 Auer en Automobilist an en Auto gerannt a matten op der Strooss stoe bliwwen.

De schëllege Chauffer huet sech ze Fouss dervu gemaach. En Zeie konnt de flüchtege Mann awer beschreiwen, wouropshin d'Police de Chauffer spéider an der rue Gaffelt konnt untreffen.

Nieft dem Alkoholtest, war och den Drogeschnelltest positiv, dëst op Kokain. De Führerschäin gouf agezunn an de Chauffer gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO