
Dësen huet d'Polizisten un engem Stéck beleidegt. Ganz onerwaart huet hien hinnen du matgedeelt, am Besëtz vun Drogen ze sinn an huet hinnen eng Tut mat e puer Gramm Marihuana ginn.
Am Laf vun der Iwwerpréiwung huet sech erausgestallt, dass géint hien e provisorescht Fuerverbuet virläit. Och am Police-Gebai huet hien d'Beamte weider beleidegt, gejaut a refuséiert, en Alkoholtest ze maachen.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann protokolléiert an d'Gefier an d'Droge saiséiert. Donieft krut hien en avertissement taxé, well e sech net un d'Corona-Mesurë gehalen huet, déi vum 18. Mäerz u gëllen.
An der Route de Luxembourg zu Diddeleng koum et e Sonndeg den Owend ëm 21 Auer zu engem Accident mat materiellem Schued. Iwwerdeems en Automobilist vun enger Bensinsstatioun fortfuere wollt, krut en anere Chauffer hien ze paken. Well sech béid Parteien op der Plaz net eens gi sinn, huet d'Police misse geruff ginn.
Wéi sech erausgestallt huet, war de presuméierte Verursaacher vum Accident alkoholiséiert. Dat huet en Alkoholtest gewisen, wat e provisorescht Fuerverbuet als Konsequenz mat sech bruecht huet. Donieft hat hien och keng gëlteg Pabeieren dobäi.
Eng zweete Kéier hat et e Sonndeg am Nomëtteg am Rond-point Gluck zu Gaasperech geknuppt. Vun de 4 Persounen, déi am Gefier souzen, gouf kee blesséiert. Och hei hat de Chauffer Alkohol gedronk. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.