Auto beschiedegt a fortgefuerAlkoholiséierte Chauffer gouf vun der Police gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Zu Ettelbréck hat e Méindeg den Owend e Chauffer, deen ze vill gedronk hat, en anert Gefier beschiedegt a sech doropshin duerch d'Bascht gemaach.
© RTL Archiv

Géint 17.30 gouf der Police an der rue du Deich zu Ettelbréck en Accident mat Materialschued gemellt. En Autoschauffer hat beim Manövréieren e geparkten Auto beschiedegt, ass duerno awer fortgefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

De schëllege Chauffer konnt kuerz drop vun enger Policepatrull ermëttelt a gestoppt ginn.

Den Alkoholtest war positiv, de Fürerschäin gouf agezunn an de Chauffer protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO