
Wéi et heescht, war de Chauffeur vum Bus ënnerwee vun Ettelbréck a Richtung Angelduerf. Bei der Kontroll konnt effektiv festgestallt ginn, dass de Chauffeur ënner Alkoholafloss stoung. De Permis gouf agezunn an de Mann gouf protokolléiert.
Um 22.30 Auer koum et dann zu Koplescht an der Lëtzebuerger Strooss zu engem Accident tëscht 2 Autoen. Bei engem vun de Chauffeuren war den Alkoholtest positiv, de Permis war direkt fort. Beim Accident gouf glécklecherweis keng Persoun blesséiert.