An de Rives de ClausenAlkoholiséiert Persoun behëlt sech donieft a kënnt an den Arrest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi an der Rives e Clausen Passante belästege géif.

D’Beamte vun der Police konnten déi besote Persoun dann och op der Plaz untreffen. Dës wollt der Opfuerderung, d’Rives de Clausen ze verloossen, net nokommen an ass géigeniwwer de Polizisten handgräiflech ginn. Well si opgrond vun hirem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, koum si no enger medezinescher Kontroll fir d’Nuecht an den Arrest.

Iwwerdeems krut d’Police e Sonndeg an der Nuecht 24 Fäll gemellt, an deene sech net géif un d’Nuetsrou gehale ginn. Déi meescht dovu konnten op der Plaz gekläert ginn.

Schliisslech ass et zu enger Partie Abréch komm. Dat zu Steesel, Märel, Stroossen, Uespelt, Bieles a Waasserbëlleg. An alle Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO