Invité vun der Redaktioun (20. Mee) - Aline Muller"Mesuren am Logement, déi net annoncéiert goufen, si positiv"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war dem Luc Frieden seng Ried zur Lag vun der Nation Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Aline Muller
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Situatioun ass komplex an d'Erausfuerderunge si grouss, sot och d'Aline Muller e Mëttwoch de Moien an hirer sozial-ekonomescher Analys vun der Ried zur Lag vun der Natioun. Si ass d'Generaldirektesch vum LISER, dem ëffentleche Fuerschungsinstitut. Et hätt effektiv net vill Neies ginn. Eng Rei positiv aktuell Mesurë wieren opgezielt ginn. Déi zentral Fro wier: Wéi geet et elo weider mat der Aarbecht?

Beim Logement waren et och éischter Krisemesuren, déi de strukturelle Problem net léisen. Als positiv huet d'Aline Muller awer Annoncë bewäert, déi net gemaach goufen. Datt net nees mat steierlechen Ureizer geschafft gëtt. Et wär nämlech wëssenschaftlech bewisen, datt sou Mesuren de Problem vu bezuelbarem Wunnraum net léisen a souguer kontraproduktiv bei de Präisser sinn. De Logement wär och net just e Lëtzebuerger Problem, mä dat géif een och an aneren europäesche Stied gesinn. D'LISER-Generaldirektesch bedauert, datt een de fundamentale Problem net géif ugoen a beim Bauland ufänkt. Logement wär och méi wéi Wunnen, et wär de Kär vun der sozialer Kohäsioun.

Wat d'Tripartite ugeet, huet sech d'Aline Muller iwwerrascht gewisen iwwert d'Ausso vum Premier, datt d'Sozialpartner sollten alignéiert sinn. Dat géif net funktionéieren. Gewerkschaften a Patronat hätte jo awer forcement aner Interessien. Et wier wichteg, datt ee sech beim Constat eens wier, datt all d'Partner um selwechte Wëssensstand sinn an datt geschafft gëtt.

D'KI war jo och en Thema an der Ried vum Premier. Wann och ouni Detailer. D'Staatsbeamten, Ministèren a Verwaltunge kréien en neie "Kolleeg", en Chatbot mam Numm "LeChat". De Statec hat ausgerechent, datt 90 Prozent vun alle Beruffer vun der KI wäerten impaktéiert sinn. 55 Prozent mat engem positiven Effekt, mä fir bal 15 Prozent kéint et manner gutt ausgoen. Och d'Aline Muller seet, datt déi Kënschtlech Intelligenz d'Aarbecht wäert transforméieren. Si géif Tâchë vun de Leit ersetzen a verschidde Beruffer géife verschwannen. KI géif all Aarbecht veränneren an awer och neier schafen. Et dierft een och net ënnerschätzen, wéi vill gutt Leit hei am Land schaffen. Zesumme misst een déi Erausfuerderung ugoen.

Positiv bewäert de LISER den nationalen Aarmutsplang, dee faktebaséiert wär an op wëssenschaftlechen Observatiounen an Analyse géif foussen. Net nëmme goufen Hëllefe bäigesat, mä si goufen zesummegeluecht a vereinfacht. Dono misst dann awer och eng Evaluatioun geschéien. E "Masterpiece" géif een net an engem Stéck schreiwen. Wann eppes net funktionéiert, misst een och net direkt an eng aner Richtung goen, mee evaluéieren a verbesseren.

E Mëttwoch de Moie war dem Luc Frieden seng Ried zur Lag vun der Nation Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO