BankesecteurAleba reagéiert op Kritik vun LCGB an OGBL a schwätz vu vill Kaméidi fir näischt

RTL Lëtzebuerg
Am Bankesecteur rumouert et jo ënnert de Gewerkschaften. LCGB an OGBL hate rezent der ALEBA reprochéiert, een op "cavalier seul" ze maachen.
© Archiv

D'Bankegewerkschaft Aleba reagéiert e Freideg de Moien an engem Communiqué a schwätzt vu villem Kaméidi fir näischt. Déi aner zwee Syndikater hätte mat hiren Accusatiounen net Recht, steet do ze liesen, ouni weider Prezisiounen.

Op alle Fall sollt keng Energie verschwent ginn, fir d'Aleba ze attackéieren, déi sech fir d'Interessie vun de Salariéen am Secteur géing asetzen.

D'Bankegewerkschaft erwaart vun OGBL an LCGB, datt hir Vertrieder den 9. Dezember an der Reunioun Presenz weisen, wa mat der Bankenassociatioun ABBL iwwert den neie Kollektivvertrag debattéiert gëtt. Vum OGBL heescht et dogéint, datt een der Aleba schonn de 27. November matgedeelt hätt, datt ee bei där Reunioun present wier.

Do virdrun invitéiert d'Aleba déi zwou aner Gewerkschaften op eng Preparatiounsreunioun de 7. Dezember. Och op déi Invitatioun hate béid Gewerkschaften an engem Schreiwes reagéiert. Fir den OGBL an den LCGB géif et kee Grond ginn, sech virum 9. Dezember ze gesinn, sollt d'Aleba net en offiziellen Dementi iwwert den Accord de Principe maachen, deen déi dräi Gewerkschaften zesumme mat der ACA den 9. November getraff hunn, esou déi zwou grouss Gewerkschaften an engem Bréif un d'Aleba.

Back to Top
CIM LOGO