SchoulAktuell Mesurë gëlle wuel och nach no der Chrëschtvakanz

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg war eng Froestonn an der Chamber, déi sech mat de Corona-Mesuren an der Schoul beschäftegt huet.
© RTL

Déi aktuell Mesuren an de Schoule wäerte warscheinlech och nach no der Chrëschtvakanz weider gëllen. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch de Mëtten an der Froestonn an der Chamber op eng Fro vun der LSAP-Deputéierter Francine Closener geäntwert. D'Situatioun géif an der Vakanz evaluéiert ginn, esou de Minister.

Extrait Claude Meisch

"Wa mer do d'Noutwennegkeet gesinn, Adaptatiounen ze maachen, da wäerte mer déi selbstverständlech och virhuelen. Mir denken awer dorunner, wann d'Situatioun sech net grondleeënd verännert, och bei änlechen oder bei deene selwechte sanitäre Mesuren ze bleiwen. Och wa mer elo e liicht Zréckgoe vun de Fallzuele wäerten hunn, wat bei deene Jonken net onbedéngt festzestellen war an der leschter Woch, musse mer awer wëssen, dass et eventuell no de Feierdeeg dann awer nees zu engem Uklamme vun de Fallzuele kéint kommen an och dat sollte mer bei där Analyse bedenken."

Et ass deemno domat ze rechnen, datt déi nei Mesuren, déi zanter e Méindeg an de Schoule gëllen, wéi Maskeflicht, wann ee sech beweegt, an deelweis Unterrecht op Distanz, och fir d'Rentrée am Januar nach wäerten zielen.

Back to Top
CIM LOGO