Multilateralismus a Covid-19-ZäitenAktuell Kris ass keng Ausried, fir Mënscherechter ze verletzen

Monica Camposeo
Et ass eng weltwäit Kris an do wär et sécher net vu Muttwëll, och weltwäit - also vereent - dogéint virzegoen.
Multilateralismus a Covid-19-Zäiten
Déi aktuell Kris soll keng Ausried sinn, fir Mënscherechter ze verletzen a sech nationalistesch ze verhalen.

Grad fir sou Fäll gouf viru 75 Joer d'UN, also d'Vereente Natiounen, an d'Liewe geruff.

Bei der aktueller Pandemie huet et awer éischter den Uschäin, wéi wann all Land fir sech kämpfe géif.

Fir doriwwer ze schwätzen, gouf elo eng virtuell Konferenz organiséiert mat ville Leit aus der ganzer Welt, dorënner och de Lëtzebuerger Ausseminister.

Um Dag vum Multilateralismus huet déi schwedesch Ausseministesch d'Konferenz e Freideg mat enger Suerg opgemaach. Déi international Kooperatioun géing den Ament a Fro gestallt ginn. D'Ann Linde, déi schwedesch Ausseministesch:„D'Corona-Pandemie verstäerkt d'Widderspréch, déi mir erliewen. Fir sech selwer kämpfen an eng gewëssen Isolatiounspolitik, dat hëlt den Ament zou. Wärend kritescht Denken an Zesummenaarbecht op Äis geluecht goufen."Déi aktuell Kris soll keng Ausried sinn, fir Mënscherechter ze verletzen a sech nationalistesch ze verhalen.

Vill méi géing et elo dorëm goen, aus der Krise ze léieren. De Jean Asselborn, de lëtzebuergeschen Ausseminister:„An de leschte Joer hunn déi lëtzebuergesch Botschafter fir d'UN u Reforme vum Sécherheetsrot geschafft. Vläicht ass déi aktuell a global Kris en neien Ustouss, fir de Sécherheetsrot méi representativ ze gestalten an d'Aarbecht ze verbesseren. Fir dem Conseil méi Transparenz an och méi Responsabilitéiten ze ginn."Den Ausseminister huet och betount, dass een d'Weltgesondheetsorganisatioun elo sollt stäerken.D'WHO ass wichteg fir d'Koordinatioun vun enger internationaler Reaktioun op dës Pandemie a brauch dowéinst eis vollsten Ënnerstëtzung. An Zäiten, wou d'Mënscherechter verletzt a Mënscherechtsaktivisten attackéiert ginn, musse mir den UN-Mënscherechts-System stäerken."D'Riedner an d'Riednerinne vun der virtueller Konferenz sinn sech op alle Fall eens, dass de Coronavirus eis all eppes ugeet. Dës Meenung vertrëtt och d'Alya Ahmed Bin Saif Al-Thani, UN-Botschafterin aus dem Katar.„Egal ob räich oder aarm, ob Entwécklungsland oder net, mir sinn all betraff. An dat heiten ass exemplaresch, de Virus ass iwwerall doheem an huet iwwerall zougeschloen. An dat ass elo eng Aart Test fir eis."En Test, deen nëmmen zesummen, mat grenziwwerschreidende Léisungen, kann iwwerstane ginn.

PDF: D'Ried vum Jean Asselborn

Back to Top
CIM LOGO