Et wier net nëmmen d'Regierung, och d'Chamber wier gefuerdert, fir den Horeca-Secteur ze ënnerstëtzen. D'Deputéiert kéinten nämlech och eegen Initiativen huelen a missten net einfach blann ofstëmmen, wat d'Regierung hinnen dohinner leet. Dat sot den Affekot Fränk Rollinger vun der ASBL „Don't forget us“, engem Grupp vu Caféen, Restauranten an Discoen. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Op der anerer Säit géingen d'Leit aus dem Secteur einfach gär nees schaffen. Et wären extreem sozial Leit, déi et bräichten, fir mam Client Kontakt ze hunn. Et wär einfach eng Loscht do, fir ze schaffen. Dat Finanziellt wär nämlech just dat Eent.
Hëllefe ginn net duer a kommen ze spéit
Den Affekot huet d'Kritik widderholl: D'Hëllefe fir de Secteur géifen net duergoen a kéimen ze spéit. D'Aiden, déi elo géinge gestëmmt ginn, vu Februar un, déi wäre korrekt, och wann et kleng Schéinheetsfeeler géing ginn, zum Beispill wat d'Gréisst vun de Betriber ugeet. Mee dës wären och einfach ze spéit komm.
Duerch d'EU wär awer d'Méiglechkeet geschafe ginn och réckwierkend méi grouss Aidë kënnen ze ginn, erkläert de Maître Rollinger a gëtt e Beispill.
Elo kann:
e Betrib 1-9 Leit bis 30.000€ kréien
e Betrib vun 10-20 Leit bis 150.000€ de Mount kréien
e Betrib iwwer 20 Leit bis zu 300.000€ de Mount kréien.
Déi Montante waren am November eropgesat ginn. Fir déi selwecht Phas am éischte Lockdown, wou d'Fraise fir vill Betriber jo warscheinlech awer méi héich gewiescht wären, hätten d'Betriber awer vill manner kritt:
e Betrib 1-9 Leit 10,000€ fir 3 Méint
e Betrib vun 10-20 Leit 12,500€ fir 3 Méint
e Betrib iwwer 20 Leit 0€ fir 3 Méint.
D'EU-Limitte fir d'Aidë wieren am Oktober eropgesat ginn, ma d'Regierung géif hir Hëllefen awer net deementspriechend upassen. D'ASBL "Don't forget us" fuerdert, dass déi net-gedeckte Fraisen och retroaktiv ausbezuelt ginn. Vill Betriber, déi laang ausgehalen hätten, géingen elo struewelen, well se ni richteg fir d'Fermeture wärend dem 1. Lockdown kompenséiert gi wären.
Reproche un d'Regierung: Et feelt un Transparenz an Erklärungen
D'EU hätt zwar ee Kader gesat, ma all Land decidéiert selwer, ob een de Maximum vun Aidë wéilt oder kéint ginn. Dat misst ee fairerweis soen, preziséiert de Maître Rollinger. Ma an engem Land, wou de Budgetsminister (Pierre Gramegna) géing soen, „wann ee Sputt huet, da si mir et“ a wou och ëmmer nees géing gesot ginn, wéi gutt mer géingen do stoen, do géing een d'Margë vun der EU net ausreizen. Bréissel géing soen, dass ee sech eréischt fir eng Aide qualifiéiert, wann een op d'mannst eng Perte huet vun 30 Prozent vum Chiffre d'Affaires. Hei am Land géingen awer op d'mannst 40 Prozent imposéiert ginn. An dat ouni Erklärung. Et hätt een och via Bréiwer un de Premier an de Mëttelstandsminister no Erklärunge gefrot, ma der ni kritt, sou den Affekot.
Et géif einfach un Transparenz a Kommunikatioun feelen. Et hätt een ëmmer nees nogefrot, op Basis vu wéi engen Dokumenter dës Decisioune geholl gi wären, ma Äntwerte wär d'Regierung bis haut schëlleg. Wa weiderhi keng Äntwerte géinge kommen, géing een aner Demarchen envisagéieren. Vu Geriichter géing een duerno op alle Fall Äntwerte kréien, an et wären och scho Leit do, déi dës Demarchen entaméiert hätten, sou de Fränk Rollinger. An enger éischter Phas fir Dokumenter ze kréien am Transparenz-Gesetz, an duerno, wa keng zousätzlech Aidë kommen a wa se e Schued hunn, da géinge se deen och akloen.
Et si keng Aiden, mä Reparatiounen
Wann d'Aiden appropriéiert wären, da géing kee sech dru stéieren, dass et eng Aide ass. Mä fir kohärent ze sinn, misst een eigentlech vu Reparatioune schwätzen, well de Schued just entstanen wier, well d'Betriber zougemaach goufen. Et misst eigentlech gëllen, „du méchs zou, du bezills“. De Leit wär hir Existenz ewechgeholl ginn, an et hätt een e Recht op Aarbecht an e Recht op privat Proprietéit. Sécher kéint d'Regierung aus engem gudde Grond zoumaachen, mä da misst se och indemniséieren. Dernieft géif et och deels u Kommunikatioun feelen. Den Horeca-Secteur géif mat am meeschten ënnert der Kris leiden, géif awer eleng gelooss ginn.
Firwat gouf dës ASBL gegrënnt, wann et d'Horesca gëtt?
D'Federatioun gëtt et scho méi laang, se wär eng Institutioun mat Gewunnheetsmënschen. Dës Situatioun hätt awer vill Leit iwwerfuerdert, an d'Horesca wär bestëmmt och iwwerlaf gi vun hire Memberen. Dofir hätt sech d'ASBL gegrënnt, déi wéilt méi wäit goen an och méi fuerderen. Et wéilt een net frech ginn, mä mat Fakte schaffen. D'Demarchë vun der ASBL "Don't forget us" wär méi offensiv wéi déi vun der Horesca, mä och just punktuell. Eng Horesca misst eng kontinuéierlech Relatioun mat der Politik hunn, dat och nach an 10, 20 Joer. Da kéint ee sech net esouvill eraushuelen, wéi zum Beispill dës ASBL, déi hie vertrëtt, esou de Fränk Rollinger.
E Freideg de Moie war den Affekot vun der ASBL „Don't forget us“ eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.