UewerstadAffer iwwerfall a mat Messer menacéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend sinn an der Uewerstad zwee Männer vun dräi aneren iwwerfall ginn. 

Ee vu béiden Affer ass mat engem Messer menacéiert ginn an an der Suite opgefuerdert ginn, seng Täschen eidel ze maachen. Géigeniwwer dem zweeten Affer sinn d’Täter handgräiflech ginn. Um Enn hunn déi dräi Männer sech duerch d’Bascht gemaach. Eng Enquête gouf lancéiert.

Och zu Beetebuerg kruten e Samschdeg am Nomëtteg zwou Persounen hiren Handy geklaut. Och hei ermëttelt d’Police.

Donieft mellt d’Police och nach eng Partie Abréch, dat ënnert anerem zu Diddeleng an zu Duelem.

Back to Top
CIM LOGO