
Eemol liewenslänglech an eemol 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis: D'Appellsgeriicht an der Stad huet en Dënschdeg d'Urteel aus 1. Instanz ëm zwee Morden, am November 2016 um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam, confirméiert. Virun eppes méi wéi 4 Joer war um Schléiwenhaff en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn.
Den Affekot vum Mann, fir deen et bei liewenslänglechem Prisong blouf, sot nom Urteelssproch, dat wär net dat, wat een erwaart hätt.
An zwar op Grond vun deem, wat hie plädéiert hätt, sou de Me Rosario Grasso.
„Notamment déi Punkten, wou mer mengen, dass et Zweiwele ginn, dass et Onkloerheete ginn, wat och, mengen ech, deelweis, vun der Staatsanwaltschaft net unerkannt ginn ass, mä e gesot huet, et ass regrettabel, dass dat net richteg gemaach ginn ass. Ob dat falsch oder richteg gemaach ginn ass, sief dohi gestallt, mä dat waren déi Punkten, déi mir plädéiert hunn. Dat ass dat eent. An dat anert ass, mir haten och plädéiert, dass de Fall, wou d'Geriicht awer der Meenung wär, dass mäi Client soll schëlleg sinn, dass d'Geriicht am Dossier Unhaltspunkten hätt, fir kënne mildernde Umstände, Circonstances atténuantes zréckzebehalen, wéi et ënner anerem vun net nëmmen dem Psychiater, dee genannt ginn ass, dem Psycholog, mä och vun dem Toxikolog, dee gesot huet: Deen huet zu deem Zäitpunkt, wéi wann en an enger anerer Welt, deen huet d'Realitéit net méi richteg matkritt.“
Nieft dem Affekot wären, wéi dee betount huet, natierlech och säi Client an deem seng Famill net glécklech iwwert dat Urteel am Appell:
„Mir mussen elo ofwaarden, bis ech d'Urteel kréien, fir dat ze liesen, fir ze verstoen a kënnen nozevollzéien, wat ass d'Begrënnung, wat ass d'Iwwerleeung, déi d'Riichter gemaach hunn, ob mer domat kënnen eens ginn oder ob eng Méiglechkeet besteet, eventuell, fir eng Cassatioun ze maachen. Dat ass elo nach Fragezeichen.“
Et bleift deemno ze kucken, ob et nach eng weider Etapp gëtt, woubäi op der Cassatioun just eventuell juristesch Feeler kënnen attackéiert ginn.