CIGR SyrdallAffär ëm Beschäftegungsinitiative krut en "Non-lieu"

RTL Lëtzebuerg
De Parquet war am November 2019 mat zwou Plainte vun der Konter Gemeng befaasst ginn, géint e Coordinateur vum CIGR Syrdall a géint Onbekannt.
© René Pfeiffer (Archiv)

Den Dossier ëm d'Affär vum der Beschäftegungsinitiative "CIGR Syrdall" ass zou. Wéi de Parquet matdeelt, huet d'Chambre du conseil den 10. Februar en Non-lieu gesprach. De Parquet war am November 2019 mat zwou Plainte vun der Konter Gemeng befaasst ginn, géint e Coordinateur vun der Beschäftegungsinitiative a géint Onbekannt. Wéinst personellen a finanzielle Problemer.

Am Raum stoungen deen Ament Reproche vun ënnert anerem Mobbing, sexuell Belästegung a "Vetternwirtschaft". D’Gemeng Conter war doropshin och aus dem "CIGR Syrdall" ausgetrueden. Et gouf eng Instruktioun gemaach, déi den November zejoert ofgeschloss gouf an den Dossier gouf duerno vum Parquet un d'Chambre du conseil vum Stater Bezierksgeriicht iwwerginn.

Eng éischt Denonciatioun vun der Gemeng Conter war scho klasséiert ginn

De Communiqué vum Parquet

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg dans le contexte de l’affaire dite « CIGR Syrdall »

(26.02.2021)

Le parquet de Luxembourg avait été saisi en date du 9 octobre 2019 de deux plaintes par l’Administration communale de Contern, dont une avec constitution de partie civile, et d’une dénonciation de la part du ministère du Travail tant à l’encontre d’un employé du CIGR Syrdall, que contre inconnu.

Suite à l’instruction qui s’en était suivie et qui a été clôturée en novembre 2020, le parquet avait saisi le chambre du conseil du Tribunal d’arrondissement de Luxembourg d’une requête de non-lieu.

La chambre du conseil vient  de prononcer en date du 10 février 2021 une ordonnance de non-lieu.

Cette décision a entretemps force de chose jugée.

Non-lieu

En matière pénale, décision d'une juridiction d'instruction mettant fin à des poursuites pénales, soit parce que les faits reprochés à l'inculpé ne tombent pas sous le coup de la loi pénale, soit parce que les charges relevées contre lui sont insuffisantes

RTL-NEWS: Dossier "CIGR Syrdall": Parquet confirméiert: 2 weider Plaintë géint een Employé a géint Onbekannt

Back to Top
CIM LOGO