Fort vun Ettelbréck an de Gebaier zu Colmer-Bierg an eriwwer bei déi nei Enceinte zu Gilsdref. Fir d'Rentrée d'nächst Woch soll alles prett sinn. D'Still a Bänke sinn hei warscheinlech dat Liichtsten, dat geplënnert gouf.
Et gëtt nach fläisseg geschafft un den Alentouren an den Atelieren, Léiermaterial gëtt ageraumt. Fir d'Rentrée, spéitstens déi Woch drop, wann d'Coure richteg ufänken, soll alles stoen, seet de Patrick Recken, Architekt vu Bâtiments Publics.
Mir sinn esou gutt ewéi prett, wat elo d'Administratioun an och d'Klassesäll ugeet. Wat nach e bësse méi spannend gëtt, sinn déi bësse méi speziell Saachen, ewéi d'Atelieren, déi mer probéieren, fir d'nächst Woch hinzekréien.
Retarden a Stress duerch Material-Manktem waren och zu Gilsdref net z'evitéieren. An trotzdeem, d'Virfreed fir d'nächst Woch ass grouss, et bidden sech vill néi Opportunitéiten, erkläert den Tom Delles, Direkter vum Lycée Technique Agricole:
Mir komme vun der Plaz hier mat de Gruppen elo besser laanschteneen. Mir kënnen elo och emol méi Schüler huelen. Virdru goung dat net, well mer se net an d'Atelieren erakruten. Elo kënne mer dat Ganzt méi Fachgerecht ugoen a mat méi grousse Gruppe schaffen.
D'Capacitéit sinn do: bis 800 Schüler kënnen déi nächst Joren empfaange ginn. Den neie Site huet 15 Hektar. Gutt 6 gi zukünfteg fir Zären, d'Bam-Ziichtung a Bamgäert genotzt. 58 Säll si fir d'Schüler reservéiert. 20 nei Ateliere bidden eng Plattform fir all Genre vun Ausbildung.
Et fänken dëst Joer 2 nei Sektiounen un. Dat eent ass den „Ouvrier agricole“ op engem CCP-Niveau. Dat anert ass den „Technicien“ bei de Mechatroniker, esou den Direkter vum Lycée. Ech muss do awer éierlech soen, ouni dat neit Gebai hei hätte mer déi nei Techniker-Formatioun net kënnen ubidden.
D'Gebai an der Nordstad awer bléift dem LTA nach 12 Méint erhalen. D'Gebailechkeeten zu Ettelbréck haten natierlech ee Virdeel, d'Connectioune mam ëffentlechen Transport. Zu Gilsdref setzt een op Navetten. Dës sollen de lokale Bus-Reseau ënnerstëtzen.
D'Zären an eenzel Klasse bleiwen aus organisatoresche Grënn nach bis d'nächst Joer zu Ettelbréck.