
D'Pompjeeë vu Feelen an Ettelbréck waren op der Plaz.
E Samschdeg de Moie géint 8.35 Auer gouf et en Accident tëscht Noutem a Béiwen. En Auto an e Camion waren anenee gerannt an eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vum Stauséi an d'Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.
Géint 20.15 Auer goufen d'Pompjeeë vu Wolz an den Asaz geruff, well tëscht Klenghouschent a Wäicherdang a Koup Holz gebrannt hat. Et goufe keng Blesséierter.