
Nieft dem Ettelbrécker Samu, de Pompjeeë vu Wolz a Géisdref, waren och nach 2 Ambulanze vu Wolz am Asaz. D'Streck gouf fir d'Opraumaarbechte komplett fir den Trafic gespaart. Géint 11.30 Auer war den Accident geraumt.
Géint 8.40 Auer hat et zu Uewerkuer an der rue Prommenschenkel gerabbelt. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.