Wéi de CGDIS schreift, gouf 1 Persoun verwonnt.
Am Asaz waren d'Pompjeeën Nordstad an Angelduerf.
Kuerz viru 6 Auer ass zu Lëntgen an der Rue Principale en Auto an e Potto gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Lëntgen waren op der Plaz.
Kuerz no 10 Auer gouf et dann eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Réiden an der Rue de la Piscine. Grad ewéi bei den aneren Accidenter gouf et hei och 1 Blesséierten, ëm deen d'Pompjeeë vu Réiden sech gekëmmert hunn.