
Et waren elo dräi Baissen an de leschten 11 Deeg um Stéck. Den Diesel war vun 2,007 Euro den 11. Abrëll - de Rekordpräis vun 2,186 Euro war den 4. Abrëll erreecht ginn - op 1,753 Euro de Liter den 21. Abrëll gefall. Vun en Donneschdeg u geet de Präis awer nees an d'Luucht. Ëm genee véier Cent pro Liter klëmmt en op elo 1,793 Euro.
4,1 Cent ass dann de Masutt vun en Donneschdeg u méi deier. De Präis läit hei da bei 1,240 Euro de Liter. Domadder ass een awer nach wäit ewech vun den 1,469 Euro, déi een den 11. Abrëll huet misste bezuelen, respektiv vun den 1,649 Euro de Liter, déi de Masutt um bis ewell Héichpunkt vun der aktueller Präiskris kascht huet.
